Gespréicher, déi ee soss verpasst hätt a Persounen, déi een ni getraff hätt. All dat wëll d'Applikatioun "Timeleft" mat hirem Konzept erméiglechen.
Zanter Februar 2024 gëtt et Timeleft zu Lëtzebuerg. Dobäi handelt et sech ëm eng Websäit, respektiv ëm eng Applikatioun, déi et sengen Notzer erméiglecht, nei Mënsche kennenzeléieren a sozial Kontakter ze knëppen.
Wéi funktionéiert et?
Alles, wat ee maache muss, ass sech op Timeleft ze registréieren, an dat ka jiddereen. Dobäi muss een als éischt emol e Questionnaire mat ronn 40 Froen ausfëllen. Gesinn ech mech selwer éischter als intelligent oder witzeg Persoun? Ass mäin idealen Owend gutt am Viraus geplangt oder ass e spontan an improviséiert? Léiwer Rock oder Rap? Wéi vill Sue wëll ech am Restaurant aus ginn? Wéi introvertéiert sinn ech op enger Skala vun 1 bis 10?
Mat all dësen Informatiounen erstellt Timeleft e Profil vum Notzer. Dat wier wichteg, fir duerno Leit zesummenzebréngen, déi sech theoretesch gutt matenee misste verstoen, änlech Interessen hunn an ongeféier an engem Alter sinn.
Wann een da bis e Kont erstallt huet, kann ee sech och scho fir en Owesiessen am Restaurant umellen. Dofir huet ee bis méindes um Mëtternuecht Zäit. Am Laf vum Dënschdeg kritt een dann éischt Hiweiser, wouhin et geet, mee eréischt Mëttwochmoies kritt een den Numm an d'Adress vum Restaurant matgedeelt.
Matmaache kann een ee Mol d'Woch, ëmmer mëttwochs. An de Restaurant geet et um 20 Auer an do gesäit een déi nei Gesiichter dann och fir d'éischte Kéier. Dat eenzegt, wat een am Viraus gewuer gëtt, ass d'Nationalitéit, d'Stärenzeechen an de Beräich, an deem déi aner Leit schaffen - de Rescht ass eng Iwwerraschung.
Wie mat wiem un engem Dësch setzt, dat decidéiert schlussendlech eng kënschtlech Intelligenz, déi sech op d'Informatiounen aus dem Questionnaire baséiert. Weider géing een awer versichen, dass een all Woch bei neie Leit setzt, déi een nach net kennt.
Timeleft zu Lëtzebuerg
De Prinzip ass iwwerall deen nämmlechten. An der Tëschenzäit gëtt et Timeleft nämlech a 16 Länner uechter Europa, Nord- a Südamerika.
Bei eis am Grand-Duché maachen all Woch méi wéi 60 Leit mat. Un engem Dësch setzen awer ëmmer maximal 6 Leit an et gëtt och probéiert, déi verschidden Dëscher op ënnerschiddlech Restauranten opzedeelen. D'Reservatioun mécht Timeleft.
An eisem Reportage hu mir d'Felicia begleet, eng jonk Lëtzebuergerin, déi als Content Creator schafft a schonns fir d'zweet bei Timeleft matmécht. "Meng Motivatioun fir matzemaachen ass haaptsächlech, fir nei Leit kennenzeléieren. Lëtzebuerg ass international, et gi Leit aus alle Länner. An natierlech, an de Restaurant ze goen, ass ëmmer flott."
Haaptsächlech melle sech hei zu Lëtzebuerg awer Leit aus dem Ausland un, déi nach net esou laang hei sinn an Uschloss baussent hirer Aarbecht wëlle fannen. Dobäi ass et Timeleft wichteg ze preziséieren, datt si keng Dating-Plattform sinn. D'Felicia huet sech fir en Dësch entscheet, op deem Englesch geschwat gëtt. Alternativ hätt hatt och Franséisch kënne wielen.
Fir mat op en Owesiessen ze goen, kascht et 12,99 Euro, et kann een awer och en Abonnement ofschléissen. Déi eege Consommatioun am Restaurant ass selwer ze bezuelen.
Eng Iddi aus Frankräich: 100 Kaffie mat 100 Friemen
D'Entreprise gouf viru véier Joer a Frankräich an d'Liewe geruff an ass zanterhier uechter d'Welt expandéiert. D'Iddi koum vum Maxime Barbier. Duerch Zoufall gouf hie vum engem Friemen op e Mëttegiessen invitéiert. Dëst ass esou gutt verlaf, datt him d'Iddi komm ass, fir mat 100 frieme Persounen e Kaffi drénken ze goen.
Dräi Méint an 100 Tase méi spéit, hat hie säin Zil erreecht. Dobäi ass dem Maxime opgefall, datt hien net deen eenzegen ass, dee mat senger Zäit, déi him op dëser Äerd nach bleift, eppes Wäertvolles maache wëll.
Esou war déi ursprénglech Iddi vun Timeleft gebuer: Eng Plattform, op där d'Leit hir Dreem kënne verëffentlechen. De Succès war immens. Bannent nëmmen enger Woch hate 5.000 Leit genau dat gemaach.
Lues a lues huet sech d'Konzept an dat verännert, wat et haut ass. Den 3. Mee 2022 hu sech eng éischte Kéier 24 Persoune getraff, fir zesummen z'iessen a sech kennenzeléieren. Timeleft wëll d'Elengsinn bekämpfen, eng Alternativ zu Dating-Plattforme sinn a jidderengem eng Plaz un engem Dësch bidden.
Kritik
Op Nofro vun RTL erzielt eng Mataarbechterin vun Timeleft, datt et bis elo nach ni zu engem eeschten Tëschefall komm ass. A 94 Prozent vun de Fäll hu sech d'Leit gutt matenee verstanen. No all Owesiesse kann een op der Applikatioun nämlech e kuerze Feedback hannerloossen.
Allerdéngs gëtt et keng Garantie, datt all Persoun, déi sech umellt, och wierklech déi ass, fir déi si sech ausgëtt. Eng Carte d'identité oder änleches brauch een nämlech net, fir sech ze verifizéieren. Et wier ee jo ni eleng am Restaurant an et sinn ëmmer Dëscher vu 4 bis 6 Leit, esou Timeleft. Dat ass deemno wuel de Risiko, dee bleift, wann ee sech mat Friemen trëfft.